Renovation P. Bettendorf

Alles op enger Plaz

  • Jeworowski-Stirn & Wagner

    Gudde Moien, 
    Ech wollt Iech awer nach enger soen dat mir immens zefridden mat ären Aarbechter woren. Immens léif an hëllefsbereet an eng super Aarbecht hunn si gelëscht.Et ass haut dees Daags net méi sou einfach eng top Entreprise ze fannen.
    En plus ass et wonnerschéin ginn .
    E Luef un Iech als Entreprise an un Léit déi bei eis geschafft hunn.

  • Wesner (Consdorf)

    D'Renovatioun vun onsen 3 Buedzëmmer ass absolut zouverlässeg a präzis ofgelaf. Ze bemierken, datt d'Jongen extrem héiflech sinn.

  • Mertens-Del Fabbro (Itzig)

    Vum Ufank bis zum Schluss hunn d'Techniker an d'Aarbechter engagéiert a motivéiert geschafft. Si stounge jidderzäit frëndlech mat Rot an Dot zur Verfügung.

     

  • Famille Kaufmann-Lambert vun Bissen

    Un dat ganzt Team vu P. Bettendorf Renovation

    Mat dëser Email wollte mir iech villmools Merci soe fir di wonnerschéin Aarbecht déi dir bei ons gemaach hutt an och fir de léiwen a professionelle Service. Mir wäerten iech ganz sécher weider empfeelen a falls mir an Zukunft nach aner Aarbechten ze maachen hätte mat Sécherheet op iech zeréck gräifen.

  • Goergen-Oswald (Roodt-sur-Syre)

    Eise Wonsch war en ökologescht Haus mat Lehm. Hei war fir eis de Bettendorf den ideale Partner, wat sech mam Resultat absolut bestätegt huet.

  • Ihry

    Professionell a kompetent, sou wéi ee sech richteg Handwierker wënscht.D'Aarbechter sinn héiflech, diskret a fläisseg. Top Aarbecht an all Owes e geraumte Chantier.

     

  • Schmit (Altrier)

    Absolut ervirzehiewen ass d'Matdenken an d'Begeeschterung vun den Aarbechter,... an hir Pénktlechkeet. Si verdéngen eisen allergréisste Respekt.

    Merci fir déi flott Iddien an d'Ëmsetzung.

  • Giersch (Kahler)

    Merci och fir déi gutt Aarbecht déi Dir bei eisem Projet geleescht hutt.
    Déi verschidden Equippen hunn tipptopp geschafft, fir datt eise Projet gelénge konnt.Virun allem d'Aarbechter um Chantier hunn propper geschafft. Si hunn sech vill Méi ginn an si waren all ganz gentil an entgéintkommend.
    Merci Villmools.

Contactez-nous

Rue de Larochette 22a
L-7661 - MEDERNACH - Luxembourg -

Tel: 87 90 25 - 1  Fax: 87 90 15
info@rbettendorf.lu